NewsFormel-1-Course zu Shanghai ofgesot

Wéinst dem Coronavirus gouf déi geplangte d'Formel-1-Course den 19. Abrëll zu Shanghai ofgesot. Ob en neien Datum gesicht gëtt, ass de Moment net gewosst.

Leschten Update: 12.02.2020, 12:42:55

© SID/Carl DE SOUZA

Déi geplangte Formel-1-Course zu Shanghai am Abrëll ass elo wéinst dem Coronavirus ofgesot ginn. Wéi brittesch Medien e Mëttwoch gemellt hunn, hätten déi Responsabel laang iwwert dës Decisioun nogeduecht.

Eng Verschibung op e méi spéiden Datum wier wéinst den anere Coursen, déi zäitlech no beienee leien, onwarscheinlech. Ma och déi 4. Course am Vietnam wackelt. D'Rennstreck zu Hanoi läit nëmme ronn 150 Kilometer vu China fort.