NewsZwou Bréifbommen an Holland explodéiert

Direkt an 2 Stied an Holland sinn e Mëttwoch de Moie Bréifbommen explodéiert. Blesséiert gouf keen.

Leschten Update: 12.02.2020, 16:00:07

© AFP/Archiv/Ina FASSBENDER

Wéi déi hollännesch Police e Mëttwoch matgedeelt huet, sinn zu Amsterdam an Kerkrade zwou Bréifbommen explodéiert. Wéi et heescht sinn d'Bomme bannent enger Stonn lassgaangen. A béide Fäll goufe keng Persoune blesséiert.

An der Tëschenzäit geet d'Police vun engem Erpressungsversuch aus. Wéi déi hollännesch Noriichtenagence ANP schreift, hätt deen, deen d'Bréiwer verschéckt huet eng gewëssen Zomm als Bitcoins gefuerdert. Falls seng Fuerderung net erfëllt sollt ginn, géif hie weider Bomme verschécken.

Weider heescht et, dass e Mataarbechter vun der ABN AMRO-Bank zu Amsterdam en Zischen héieren hat, wéi en de Bréif wollt opmaachen, dofir hätt hien en ewechgehäit. Duerno koum et zu enger liichter Detonatioun.  

Zënter Chrëschtdag lescht Joer sinn eng 10 Bréiwer un Entreprisë geschéckt ginn a 7 dovunner kruten och wierklech Bommen. Et wier awer der éischte Kéier, datt Bréiwer explodéiert sinn.