NewsNei Autossteier awer net vum 1. Mäerz un

D'Autossteier, déi am Kader vun der neier Verbrauchernorm WLTP ugepasst gëtt, gëtt awer net den 1. Mäerz 2020 agefouert.

Leschten Update: 13.02.2020, 13:16:13

© dpa/AFP/Archiv/Hendrik Schmidt

D'Upassung vun der Autossteier un déi nei WLTP-Norm kënnt wuel awer net den 1. Mäerz. Déi zoustänneg Chamberskommissiounen hu sech en Donneschdeg mam Mobilitéitsminister François Bausch gesinn. D'Deputéiert hunn de Gesetzesprojet kritiséiert, well den Text ënnert anerem net präzis genuch wier.

D'Gesetz soll elo nach geännert ginn, éier Deputéiert den Text stëmmen. Déi nei Norm géif och net réckwierkend gëllen, esou d'Chamber op hirer Internetsäit.

LINK / Wat ass déi nei WLTP-Norm?