News6 Fäll vu sexuellem Mëssbrauch an der Kierch gemellt

Am Februar 2019 hat d'kathoulesch Kierch zu Lëtzebuerg ugekënnegt d'Zuel vun deene weiderzeginn, déi sech bei hirer Ulafplaz als Affer gemellt hunn.

Leschten Update: 13.02.2020, 17:58:32

© Pexels

Am Laf vum Joer 2019 hunn sech 6 Persoune bei der kathoulescher Kierch zu Lëtzebuerg als Mëssbrauchsaffer gemellt. Dëst deelt de Bistum mat.

A 4 Fäll waren d'Affer männlech an 2 Fäll weiblech. Déi Betraffe waren zum Zäitpunkt vun den Iwwergrëff tëscht 6 an 12 Joer al. Ee Fall geet op den Zäitraum tëscht 1940 an 1949, e weideren op d'Joren 1960 bis 1969 zeréck. 4 sinn der tëscht 1970 an 1979 geschitt.

Weider kommen nach 10 Fäll vu physescher an emotionaler Gewalt duerch Vertrieder vun der Kierch dobäi. An engem weidere Fall goung et ëm sexuell Gewalt an der Kierch am Ausland.

An zwee Fäll wier den Affer Schuedenersatz bezuelt ginn.

Links