NewsVill Ännerunge wéinst Aarbechten op der Linn 10

Bis nach de Juni wäert vill op der Linn 10 geschafft ginn. Och wa vill Aarbechten Nuets sinn, kënnt een net laanscht Spärungen.

Leschten Update: 13.02.2020, 18:36:11

© Eldoradio

Op der Linn 10 tëscht der Stad an Ëlwen wäert nach bis de Juni 2020 geschafft ginn, deemno kënnt et do och zu verschidde Spärungen op der Streck.

Wéi et vun den CFL heescht wäert dat deemno tëscht der Stad an Dikrech, tëscht Ettelbréck an Dikrech an tëscht Ettelbréck an Ëlwen de Fall sinn.

Iwwerdeems géifen d'Aarbechte wa méiglech an der Nuecht gemaach ginn. Dat tëscht 21.45 Auer a 4.00 Auer. Weider Informatioune fannt dir hei!