News3 nei Petitioune fir z'ënnerschreiwen

Zënter e Freideg kann een um Chambersite 3 nei Petitioune mat senger Ënnerschrëft ënnerstëtzen.

Leschten Update: 14.02.2020, 08:11:33

© Eldoradio

Um Internetsite vun der Chamber sinn 3 nei Petitiounen online, déi ee vun e Freideg un’s, ënnerschreiwe kann.

Bei enger Petitioun geet et z.B. ëm eng Ännerung am Code de la Route wat den Transport vu Puppelcher a klenge Kanner an Autobussë mat reegelgerechte Kannersëtzer betrëfft.

Eng aner Petitioun fuerdert dass Entreprisen déi Produite mat Plastiksverpackunge produzéieren, gezwonge ginn, dës Plastiksverpackungen selwer nees anzesammelen, fir se duerno nach eemol ze benotzen.

An déi drëtt Petitioun fuerdert eng finanziell Ënnerstëtzung vum Staat wann een en Occasiouns-Elektro oder Hybridauto keeft.


Liest hei all d'Petitiounen:

  • Changement du code de la route concernant le transport de bébés et d'enfants en autobus avec des sièges homologués // Änderung der Straßenverkehrsordnung bezüglich des Transports von Babys und Kleinkindern in Autobussen mit regelgerechten Kindersitzen (1486)

  • Obliger la récupération des emballages plastiques par le producteur afin de les réutiliser (1488)

  • Extension des conditions d'abattement de revenu imposable pour mobilité durable selon l'article 129d L.I.R. pour l'acquisition d'un véhicule neuf à basse émission de CO2, à l'acquisition de véhicules de même type en occasion, ainsi que de véhicules hybrides non rechargeables (1491)

Detailer ginn et hei!