News"One Billion Rising": Danze géint Gewalt u Fraen

D'Aktioun setzt sech fir een Enn vun der Gewalt u Fraen a Meedercher an. All 3. Fra weltwäit war op d'mannst 1 mol Affer vu Gewalt.

Leschten Update: 14.02.2020, 05:48:07

Mënsche weltwäit setzen de 14. Februar nees een Zeeeche géint Gewalt u Fraen bei der Aktioun „One Billion Rising“. Si danzen zu engem bestëmmte Lidd eng speziell Choreographie.

All drëtt Fra weltwäit war well op d’mannst 1 mol Affer vu Gewalt. Eng Milliard Frae goufe geschloen, vergewaltegt oder mësshandelt.

Déi global Kampagne fuerdert een Enn vun der Gewalt géint Fraen, wéi och Gläichstellung a Gläichberechtegung.

D'Protestaktioun "One Billion Rising" gouf 2012 vun der New Yorker Kënschtlerin a Feministin Eve Ensler initiéiert. Zënterhir danzen, meeschtens um 14. Februar, Mënschen op der ganzer Welt zesummen a weisen domat op een nach ëmmer aktuellt Thema hin, ebe Gewalt géint Fraen a Meedercher.

LINK/ Hei fann dir weider Informatiounen