NewsNeit Banksy-Wierk fir Vältesdag zu Bristol

Zu Bristol ass een neit Banksy-Wierk opgedaucht. Ee Meedchen op enger groer Hausmauer dat mat enger Steeschleider an der Hand a Richtung roude Fleck ziilt.

Leschten Update: 14.02.2020, 06:36:26

© Screenshot Instagram / Banksy

De mysteriéise Street-Aart Kënschtler Banksy huet senger Heemechtsstad Bristol fir Vältesdag een neit Wierk geschenkt.

En Donneschdeg war d'Konschtwierk op enger groer Hausmauer zu Bristol opgedaucht. Ze gesinn ass ee Meedchen, dat mat enger Steeschleider an der Hand, a Richtung rise Fleck aus roude Blummen ziilt.

De Kënschtler huet sech an der Nuecht op e Freideg op sengem Instagram-Account an op senger Homepage zum Wierk bekannt.

Dem Banksy seng Identitéit ass ee Rätsel. Bekannt ass just, dass hien aus Bristol kënnt. An den 90er wier hien op London gaangen.