NewsPhantombild vun Haapttäter vu brutalen Iwwerfall am Gronn

Nodeems schonn d'Biller vun den Iwwerwaachungskamerae publizéiert goufen, gëtt elo nom Haapttäter mat Hëllef vun engem Phantombild gesicht.

Leschten Update: 14.02.2020, 18:28:13

© Police

Den 3. Januar war jo am Gronn an der Stad eng Fra doheem vun 3 Männer brutal iwwerfall ginn. D'Police hat an deem Sënn schonn en Zeienopruff mat de Biller vun enger Iwwerwaachungskamera gemaach. Elo gëtt da mat engem Phantombild no engem vun de Männer, dem Haapttäter, gesicht.

Zwee vun den Täter hate Schutzhelmer a Sécherheetsvesten un, deen drëtte war donkel ugedoen an hat eng schwaarz Mutz un. Nodeems d'Männer d'Affer gefesselt haten, hu se d'ganzt Haus duerchsicht a Bijouen a Kreditkaarte matgoe gelooss.

LINK / Hei fannt dir d'Fotoe vun der Iwwerwaachungskamera!

D'Ermëttlungen hunn erginn, dass d'Täter eng schwaarz Camionnette vun der Mark Mercedes mat franséische Placke benotzt hunn. Weider huet eng Komplizin de Männer gehollef, si war awer net un der Dot selwer bedeelegt. All verdächteg Beobachtungen oder soss Informatiounen zu den Täter si fir den 113.