NewsWäisse Fiat-Liwwerwon zu Diddeleng geklaut

De Won ass bannent engem Zäitraum vun 10 Deeg geklaut ginn. Wien de Liwwerwon gesäit soll sech beim 113 mellen.

Leschten Update: 14.02.2020, 16:14:36

© Eldoradio

De Freideg de Mëtteg gouf der Police e Liwwerwon gemellt, deen am Zäitraum vum 4. bis de 14. Februar zu Diddeleng an der Rue Gare-Usines geklaut gouf.

Et handelt sech dobäi ëm e wäisse Fiat-Ducato mat 4 Dieren a mam Lëtzebuerger Kennzeeche BJ4289. De Won ass op béide Säite beschrëft an d'Fënster op der Bäifuerersäit hannen ass futti a mat Kartong zougedeckt.

All Informatioun ass fir den 113.