NewsNei Ween fir de CGDIS fir iwwer 10 Milliounen

Déi éischt nei Ween fir de CGDIS sinn an der Tëschenzäit ukomm. Ma et kommen der nach vill dobäi, dorënner och e Prototyp.

Leschten Update: 14.02.2020, 16:42:06

© CGDIS

De Freideg goufen déi éischt 11 vu 34 neien Ambulanzen un 10 verschidden Asazzentere vum CGDIS an un den Institut National de Formation des Secours ausgeliwwert.

Enn 2018 waren eng ganz Rëtsch nei Ween bestallt ginn, dorënner och 9 Läschween, vun deenen deen éischten deemnächst vum Asazzenter vun Hesper wäert an de Service geholl ginn.





An da gouf och nach e Prototyp haut virgestallt, dee fir den Zenter Colmar-Bierg geduecht ass. Dës kann a kuerzer Zäit 10'000 Liter Waasser z.B. am Fall vu Bëschbränn transportéieren.

© CGDIS


Am ganzen hunn d'Neiuschaafungen e bëssen iwwer 10 Milliounen Euro kascht.

Links