Uni Lëtzebuerg: Nei Berodung fir de Start an d'Beruffsliewen

Op der Uni Lëtzebuerg gëtt et eng nei Berodung fir Studenten, déi virun hirem Ofschloss stinn. Zum Beispill kann een Virstellungsgespréicher trainéieren.

Leschten Update: 12.12.2011, 16:31:54

© afp

Wat maachen, wann een bis mat der Schoul fäerdeg ass. Dat ass eng Fro, déi Generatiounen vu jonke Leit beschäftegt. Grad elo, wou d’Economie e bëssen méi lues dréint ass et nach méi schwéier fir um Aarbechtsmarché Fouss ze faassen.

Dat gëllt och fir Leit mat engem Unisdiplom an der Täsch an dofir huet d’Uni Lëtzebuerg elo e neie Service agefouert.

 

De Service "Campus Carrières" hëlleft beim Schreiwen vun CV oder beim Virbereeden vun Virstellungsgespréicher. Dann ginn awer och Stagen vermëttelt an Kontakter mat Entreprisen méi einfach gemaach.

 

Lauschtert hei de Reportage :

 

 

 

En Rendez-Vous an deem neie Service kann een mat enger mail un campus.carriere@uni.lu froen oder och ënnert der Telefonsnummer: (+352) 46 66 44 6686