Schaltjoer: all 4 Joer ? Nee net grad!

Haut ass also den Dag, deen d'Joër méi huet... 1,2 Milliarden Euro bréngt dat der Weltwirtschaft an de Kallenner nees an d'Riicht.

Leschten Update: 29.02.2012, 12:15:29

© dpa

Dëst Joer gi mer alleguer 1 Dag méi schaffen oder an d’Schoul. Et huet een awer och een Dag am Joer méi fir Eldoradio ze lauschteren mat Kollegen oder der Famill ze genéissen.

Jo 366 Säiten huet de Kalenner 2012. Dat well ee Joer eben 6 stonne méi laang dauert, wéi Plaz am Kalenner ass- genee 365,24 Deeg huet e Joer am Sonnekalenner. Et sinn also net grad 6 Stonnen déi iwwreg bleiwen.Esou ginn et dann och Ausnahmen, also Joeren, wou misst en Schaltjoer sinn , awer keent ass.

Fir och hei eng Regel ze hunn, gouf sech drop fest geluecht, dass wann een Schaltjoer 100 kann gedeelt ginn, dann gëtt et ausgelooss.

Esou geet dann alles op, an et ass net esou, dass d’Fréijoer iergendwann am Dezember ufänkt oder de Kleeschen am Juli misst kommen.

Iwwregens gëtt et och ganz komplizéiert astronomesch Berechnungen, déi soen, dass d’Aerd sech ëmmer méi lues dréint an doduercher iergendwann d’Joer genee 365 Deeg dauert. Da geet de Kalenner endlech op. Dat dierft allerdéngs nach gutt 3,5 Millioun Joeren daueren.