De Lëtzebuerger Filmpräis 2012!

D' Eldo- Starreporterin Tammy um rouden Teppech

Leschten Update: 12.03.2012, 16:45:56

D' Vicky Krieps mam " Prix du jeune espoir"

Di lëtzebuerger Filmindustrie boomt, an huet sech dëse Freideg zu Munneref am Chapiteau getraff, fir den lëtzebuerger Filmpräiss ze verdeelen. Dat ass eng Statue mat engem Aen an 4 Kilo schwéier, vun der lëtzebuerger Kënschtlerin Patricia Lippert . 8 Präisser sinn verdeelt ginn an den Kategorien: beschten Kuerzfilm, beschten Lëtzebuerger Film, beschten Documentaire , beschten Animatiounsfilm, bescht Koproduktioun souwéi fir bescht Kamera, Szenario an Musek . An déi sinn virun allem un jonken Filmemaacher gaang. D‘ Beryl Koltz war di grouss Gewënnerin vum Owend fir de beschten Film „Hot Hot Hot“ , an d‘ Vicky Krieps as als „Jeune espoir“ ausgezeechent ginn am Schauspill. Tammy hat sie virum Mikro an , an huet och soss Stëmmung agefaangen. 

Läuschtert hei de Reportage:

Filmpräiss 2012 (1)

Filmpräiss 2012 (2)

 

D' Beryl Koltz "meilleur film luxembourgeois" "Hot hot hot":

De Jean- Louis Schuller "meilleur documentaire" "High Low" an "meilleure contribution technique fir seng Kamera- Arbecht

 

De Claude Grosch an Luc Otter mat der Produzentin Anne Schroeder (Samsa Film) fir "meilleure animation" "Rose Violet"