The One, éischten Dag vum Casting

Leschten Update: 10.04.2012, 08:21:37

E Samschdeg war de ganzen Dag den 1. Deel vum Casting vun der neier Show THE ONE an de Waltzing-Parke Studio'en zu Dummeldeng. De Prinzip ass jo deen dass d'Jury an de Public just d'Stëmmen vun de Kandidaten héieren a keng Gesiichter gesinn. Eise Reporter Raoul war um Casting derbäi an huet de Kandiaten de Bols gefillt...

Lauschtert hei de Reportage:


Verschidde Kandidaten hunn dem Raoul awer och probéiert hiert Talent firzesangen:




Dëse Samschdeg ass dann nach en zweete Casting-Dag zu Dummeldeng ier d'Jury dann déi 16 bescht Kandidaten eraus sicht déi an eng nächst Ronn kommen. An der Jury sinn den Daniel Balthasar, den David Moreira vun Eternal Tango, d’Thorunn an den Olivier Toth vun der Rockhal.

Wien um Enn THE ONE gëtt, dat gi mer den 10. Juni op der grousser Finall an der Rockhal gewuer...

LINK: all d'Infos zu The One um offizielle Site