Panini AlbumWat kascht et fir e voll ze kréien?!

100€?!... 200€?!..., oder méi?! Wat kascht et wann een säi Panini-Album wëll voll kréien?! E Mathematiker huet et berechent...

Leschten Update: 13.05.2016, 09:59:34

© Eldoradio

Et ass ëmmer nees en Riisen-Hype, bei Grouss a Kleng. Erwuessen Männer gi nees zu klenge Bouwen, déi sammelen, pechen , sammelen an tauschen...

Rieds ass vun de Panini-Alben, déi fir d’Fussball EM- oder WM’en ëmmer e risege Ofsaz verbuchen.

E Millioune-Geschäft fir d’Italiener mat de Pechbiller.

Mä wat kascht et de Sammler?

E britesche Mathematiker vun der Cardiff's School of Mathematics huet sech d’Méi gemeet emol genee no-ze rechnen wat et, theoretesch gesinn, kascht, wann een den Album voll wëll kréien.

Den EM 2016-Album huet 96 Säiten, mat 680 fräi Plazen fir ze pechen. Eng Tut Biller kascht 70Cent an et sinn 5 Biller dran. Mécht also ëmmerhin scho mol 14 Cent pro Bild.

Reng theoretesch gesinn brécht een jo 136 Päck fir den Album voll ze hunn. Also kascht den Album fir e voll ze kréien 92€50.

Ween awer esou rechent, kritt wuel an all Mathé-Prüfung eng Datz.

Elo kënnt nämlech d’Probabilitéit an d’Spill, well an all Pak 5 verschidden Biller dran sinn, an een mat duebeler muss rechnen.

 Dofir gëtt a Prozenter gerechent..

Am aller-éischte Pak deen een opmécht huet een zu 100% 5 nei Biller déi een och brauch… am zweeten Pak just nach 99,26%.., am drëtten just nach 98,53% an sou weider. Et entsteet eng harmonesch mathematesch Reiefolge.

De geneeën Logarithmus mat deem de Mathematiker virgaangen ass, an Saachen wéi eng 'Euler-Mascheroni-Konstant', dat erspueren ech iech. Op alle Fall kënnt een an der Moyenne op 3.733 Pechbiller déi een muss kafen, fir den Album voll ze kréien.

Käschtepunkt um Enn : 522€90...

Lauschtert hei de Reportage am Audio :

Links