Justin TimberlakeZesummenaarbecht mam The Weeknd fir den neien Album

Nach ass net gewosst, wéini dem Justin Timberlake säi neien Album erauskomme wäert. Anescht wéi bei engem Film, gëtt et keng Deadline fir en Album. 

Leschten Update: 13.05.2016, 10:20:43

© VALERY HACHE / AFP

Virun enger gudder Woch huet den Justin Timberlake seng nei Single “Can’t Stop The Feeling“ eraus bruecht. Eng Single, déi wéi hien fënnt nach e Stéck besser um Radio klengt. Am Interview mat BBC Radio 1Xtra huet en och iwwert säin Album geschwat, op deen elo jidderee waart. Den Justin Timberlake wëll sech awer net ënner Drock setze loossen.

dd


Um Nofollgeralbum vu sengem 2013er Duebel-Album „The 20/20 Experience“ wäert och den The Weeknd drop sinn. Am Interview wosst den Timberlake awer net ganz, op hie sech lo net verschwat hat.