
Heem kommen a stonnelaang seng Liiblings-Serie kucken. Am Trend ass jo de Moment dat sougenannten Binge-Watching. Jo, et gi souguer Leit déi dowéinst aner Saache komplett vernoléissegen. An genee hei läit den Hues am Peffer. Fuerscher hunn bei e puer extrem Binge-Watcher erausfonnt dass ee souguer riskéiert depressiv ze ginn.