Diversity Day LëtzebuergCharte de Diversité fir d'Entreprisen

Um Donneschden ginn zu Lëtzebuerg Konferenzen, Workshopen an aner Aktiounen a klengen a grousse Betriber, Organisatiounen an Entreprisen organiséiert.

Leschten Update: 13.05.2016, 09:59:48

© chartediversite.lu

Um Donneschden ass hei am Land den nationalen “Diversity Day Lëtzebuerg“, dat organiséiert vum Comité pour la Charte de la Diversité. Virun allem soll eben, wéi de Numm et schonn seet, d'Diversitéit, awer och verschidden Talenter an generell eng méi inklusive Gesellschaft méi valoriséiert ginn.

Een Dag am Joer gëtt fir den nationalen Dag vun der Diversitéit reservéiert. Alleguerten d’Organisatiounen an Entreprisen sinn opgeruff, d’Diversitéit, déi eng Tatsaach hei zu Lëtzebuerg ass, ze valoriséieren an verschidden Aktiounen zu deem Sujet ze lancéieren.

Dës Charte de Diversité gëtt iwwregens vun der Familljen- an Integratiounsministesch Corinne Cahen aktiv ënnerstëtzt. Si geet och dëst Joer als Ministesch op den Terrain fir eng vun den am ganzen iwwer 50 Aktiounen uechtert d’Land besichen ze goen. 

Dorënner sinn Entreprise wéi Axa, BGL, PwC, awer och méi kleng Entreprisen. D’Participanten, bei deenen jo dann haaptsächlech d’Mataarbechter sollen méi fir de Sujet sensibiliséiert ginn, sinn genee sou diversifizéiert, wéi d’Aktiounen.

D’Lëscht ass laang an bei verschiddenen Aktiounen kann een souguer och ausserhalb matmaachen. 

Lauschtert hei de kompletten Reportage:



Eng Iwwersiicht vun allen Evenementer fannt der hei:
LINK: Homepage vun der Charte de Diversité



Links