Young Drivers Day 2016Fuersécherheet fir jonk Leit: elo umellen

Am Joer stierwen op der Welt ronn 1,2 Milliounen Leit un de Suitte vun engem Autosaccident. Dat ass zweemol d'Populatioun vu Lëtzebuerg.

Leschten Update: 12.05.2016, 13:46:20

D'Geforen op der Strooss erkennen ass fir déi jonk Leit net ëmmer sou einfach. De Young Drivers Day, den 03. Juli zu Kolma-Bierg, cibléiert Jugendlecher am Alter tëscht 18 a 24 Joer. Et wëll een ënnert anerem weisen wéi et ass wann een Alkohol gedronk huet. Wéi sech ee muss verhalen wann een un d'Schleideren kënnt.

Dernieft kritt ee gewisen, wéi een e Pneu funktionéiert . An et kritt een e Bremsen-Check gemaach.

Nieft enger gudder Portioun Theorie kritt ee natierlech och praktesch Erfahrung.
D'Aschreiwungen lafen, an déi kann een um Site vun de Young Drivers Day maachen.





Links