LifestyleNi méi Falen am Gesiicht?

Fuerscher hunn eng zweet Haut entwéckelt. Si soll d'Falen am Gesiicht onsiichtbar maachen.

Leschten Update: 12.05.2016, 13:56:43

© ALAIN JOCARD / AFP

Jiddereen ass op säin Ausgesi fixéiert. Kee wëll al ginn. Crèmen an aner kosmetesch Produite solle jo do wonner wierken. Et ginn der souguer déi leeën sech ënnert Messer. Fakt ass: Den Alter kann een net ophalen.

US Fuerscher wëllen awer lo dofir eng Léisung fonnt hunn. Mat enger ganz dënner zweeter Haut aus Silikon-Polymeren hunn si et fäerdeg bruecht de Prozess vum méi al gi fir eng gewëssen Zäit ze stoppen.

De Moment préift ee wéi déi Silikon Schicht sech mat der richteger Haut verdréit. An effektiv ginn d’Fale manner.

Déi zweet haut gëtt de Poren déi jugendlech Elastizitéit zeréck. Dat reduzéiert de Fiichtegkeetsgehalt. Reen mécht der Schicht genee sou wéineg aus wéi sportlech Aktivitéite wéi schwammen oder lafen. Dernieft gesäit de Produit och nach ganz natierlech aus.

E Nodeel gëtt et dann awer och. De Bord vun der Kënschtlecher Haut huet sech bei 25% vun den Testpersounen no engem laangen Dag ofgezeechent.

10 Joer huet d’Equipe an d’Wëssenschaftler un der zweeter haut fir medezinesch a kosmetesch Zwecker geschafft. Méi wéi 100 verschidde Matièrë goufe getest.

Elo huet een eng Mëschung déi sou douce ass, dass een se net mol um Kierper spiert.

Wéini de Produit op de Marché kënnt ass awer nach net gewosst.