Nei Formatioun vu September unSchoulofbriecher kënne Secondaires-Diplom nohuelen

An der Ecole de la Deuxième Chance gëtt vu September un eng nei Formatioun fir Schoulofbriecher ugebueden déi hiren Secondaires-Diplom nohuele wëllen.

Leschten Update: 17.05.2016, 11:01:11

© Eldoradio

Den Educatiounsminister Claude Meisch huet zesumme mam Direkter vun der Ecole de la Deuxième Chance, dem Carlo Welfring eng nei Formatioun respektiv e neien Diplom presentéiert, déi vun der nächster Rentrée un’s an der Ecole de la Deuxieme Chance ugebuede gëtt: den "Diplôme d’accès aux études superièures", kuerz DAES. Mat deem Diplom huet een d'Chance op een Héichschoulstudium.

Vill Patrone vu Betriber verlaangen haut ee Secondaires-Diplom oder een Unisdiplom - ouni déi ass et relativ schwéier eng Aarbecht ze fannen. Genau do wëll den Educatiounsministère zesumme mat der Ecole de la Deuxième Chance usetzen. Dat Ganzt ass geduecht fir Erwuessener vun 20 Joer un déi schonn eng Zäitche geschafft hunn, an déi aus wéienge Grënn och ëmmer hire Secondaires-Ofschloss net gemeet hunn.

Lauschtert hei den Detail am Audio:  


© www.e2c.lu/daes


Den Diplom ass äquivalent mam der klassescher Première/Treizième - et kritt een domadder also d'Méiglechkeet op Héichschoul-Studien.  

Fir déi nei Formatioun kann ee sech bis den 1. September umellen. 

Links