Fussballs-TrikotenWéi kommen déi deier Präisser zustanen?

E richtegen Supporter brauch natierlech en Trikot vu senger Equippe. Virun allem während der EM boomt d'Geschäft besonnesch.

Leschten Update: 13.05.2016, 20:59:02

© AFP FABRICE COFFRINI

Sou en Trikot vu senger Lieblingsequippe ze hunn bei enger EM, ass schonn fir sou muncher Fan scho bal e "Must Have". Dëst ass iwwregens fir d'Fussball-Trikoten am allgemengen sou.

Kuckt een sech allerdéngs esou d'Präisser bei dëse Stécker un, da kann engem scho mol dronken ginn. Hëllt een d'Beispill vun Däitschland, da läit ee gutt a gär bei ëm di 80€. Soll dann och nach de Numm an d'Spillnummer vum Spiller drop, kann ee jee no Equippe iwwer 100 Euro lass sinn.

Mä wéi kommen dës Präisser zustanen, déi schonn zënter Joeren villen Leit wuertwiertlech op de Su ginn?

D'Produktioun vun dësen Trikoten ass an sech nämlech guer net dat wat an de Portemonnaie schléit. Ronn 8€ den Trikot kascht et an der Produktioun, dacks an Asien fabrizéiert. Ronn 16€ pro Trickot gi sou vum Produzent gefrot am Endeffekt, dee muss jo bal eppes klenges drop verdéngen.

Den Handel dee freet dann am Beispill vun Däitschland ronn 37€.

Da gëtt et déi sou genannten Lizenz déi all Club verlaangt, fir dass iwwerhaapt dierfen Trikoten fabrizéiert ginn, déi am Beispill Däitschland ëm 5€ kascht.

Dass d'Trickoten ëmmer méi deier ginn, hänkt ganz einfach zu groussen Deeler domatten zesummen, well d'Demande einfach do ass. Et gëtt kaf vun de Leit, wisou also méi bëlleg maachen a manner verdéngen? Ass de Client also eleng dee wou de Misère verursaacht? Net ganz, et muss een och bedenken, dass d'Veräiner vill Suen mat dësen Trikoten, respektiv de Lizenzen maachen.

Punkto Merchandise ass et kloer den Top-Seller a bréngt Teams wéi Bayern zwee-stelleg Milliounen-Zommen eran, déi dann erëm an d'Kafen vun de vill ze deiere Spiller fléissen. Fussball ass eben bekanntlech en deieren Business.

Lauschtert hei de Reportage: