Trump vs Nickelback a Co.Trump méi onbeléift wéi Nickelback oder Lais?

Dat den Donald Trump net grad dee beléifteste Mënsch ass dat ass gewosst, mä wosst der dass hien enger Ëmfro no nach méi onbeléift wéi Lais an Hipster ass?

Leschten Update: 17.05.2016, 15:17:17

© Jewel SAMAD / AFP

D’US-amerikanesch Meenungsfuerscher vum Public Policy Polling hunn bei enger Ëmfro ënnert US-Bierger wollte wësse wéi beléift oder onbeléift de republikanesche Presidentschaftskandidat Donald Trump ass.

Dobäi goufen awer net nëmme mënschlech Referenze geholl, mä vill méi typesch Saachen, déi d'Leit haassen, wéi zum Beispill eng Wuerzelbehandlung oder di kanadesch Rockband Nickelback. 1222 Leit haten un dëser Ëmfro Deel geholl.

Eraus koumen eng Rei ganz intressant Resultater wéi zum Beispill, dass de selwer proklaméierte Multi-Milliardär méi onbeléift wéi Leis oder eng Wuerzelbehandlung beim Zänndokter ass. Och den Openthalt um contrôle technique ass méi einfach auszehale wéi den Donald Trump, géing et no de Befrotene goen.

Hipster si méi beléift an hunn beim direkte Verglach 7 Prozentpunkte méi wéi de gebiertege New Yorker erreecht.

Och di kanadesch Rockband Nickelback muss sech vu béisen Zongen ëmmer nees unhéiere wéi null se sinn. Ëmmerhi sinn se der Etude no ëmmer nach méi populär wéi de Mann mat der komescher Frisur an de klengen Hänn. Am direkte Verglach haten sech 39% Prozent fir Nickelback a 34 % fir den Trump entscheed.

Intressant ass och, dass ech beim Verfaasse vun dësem Artikel am Spellchecker drop higewise gouf ob ech "Trump" net duerch "Drumpf" wéilt ersetzen. Dat ass nämlech Medienberichter no dem Trump säin eigentlechen Numm, deen hie viru Joere geännert hat. Also huet souguer de Spellchecker sou seng Problemer mam gudde Mann.

Méi onbeléift wéi alles ass den Donald Trump awer net, well anscheinend solle Kakerlaken an Hemorroide just nach méi onbeléift sinn. Bei de Kakerlake waren et 4 Prozentpunkten ënnerscheed a bei den Hemorroide 6.

Soumat ass d’Ausso dat den Trump eng Péng am Hënner ass oder op englesch sou schéin "a pain in the ass" ass awer vläit méi wouer wéi ee geduecht hat. Op jiddwerfalls steet fest dat hie bal sou onbeléift wéi eng ass.

LINK: all d'Resultater vun der Ëmfro

Lauschtert hei: