WHO-Etude D'Loftverschmotzung an de Stied hëlt zou

D'Weltgesondheetsorganisatioun huet an enger Etude d'Stëbsbelaaschtung weltwäit analyséiert. Virun allem Stied a méi aarme Länner hu keng gutt Wäerter.

Leschten Update: 17.05.2016, 12:57:17

© AFP/Archiv/Greg Baker

Ëmmer méi Leit déi a Stied wunne sinn der Weltgesondheetsorganisatioun no, duerch eng ze héich Loftverschmotzung a Gefor, virun allem fir dat de Fall a méi aarme Länner. D’Loftverschmotzung wier weltwäit tëscht 2008 an 2013 ëm 8 Prozent an d’Lut gaangen. A verschidde Länner géif een awer Verbesserunge constatéieren. Als positiv bewäert d’WHO och, dass d’Zuel vun de Stied déi Schuedstoff-Emissioune kontrolléieren, weltwäit awer zouhëlt.

Am Ranking vun den am meescht belaaschte Stied dauche virun allem Stied an Asien op.

Lauschtert: