ASTIDe Projet "Connections" bréngt Réfugiéen an Beruff zesummen

Iwwer Workshopen, Versammlungen a souguer handfest Stagen sollen d'Demandeurs d'Asyl Beruffserfahrung kréien an de lëtzebuerger Marché kenneléieren.

Leschten Update: 17.05.2016, 19:45:43

© ASTI

Och wann net méi sou vill an der Presse iwwert d’Thematik geschwat gëtt, wéi dat nach virun knapp engem Joer de Fall war, sinn d’Demandeurs d’Asyl nach ëmmer eng Tatsaach hei am Land. Eppes vun den essentiellen Saachen, déi een als Persoun muss an enger neier Heemecht fannen, ass ouni Fro eng Aarbecht. Fir den Leit hei ënnert d’Ärem ze gräifen, huet d’ASTI en neien Projet elo entwéckelt. 

De Projet „Connections“ ass fir Leit déi an der Prozedur sinn fir Asyl accordéiert ze kréien oder en schonn hunn an déi wëllen Fouss an der lëtzebuerger Aarbechtswelt faassen. Als Virbereedung op den Aarbechtsmaart bidd d’ASTI eng ganz Rei Aktivitéiten dohier un, sou d’Laura Zuccoli, Presidentin vun der ASTI.

Dono kommen dann och nach Workshopen iwwert den CV, d’Virstellungsgespréich oder wéi een seng eegen Firma hei am Land op mécht. Och e Stage an enger Entreprise wou dann Erfahrungen gesammelt an Kompetenzen getest ginn, gëtt ageplangt.

90% vun de Leit di matmaachen sinn iwwregens an der Asyl-Prozedur. Et soll schonn fréi mat dësen Mesuren ugefaangen ginn, fënnt d’ASTI. Cibléiert ginn Erwuessener tëscht 20-50 Joer, déi och wëllen sou séier wéi méiglech schaffen goen. 

Finanziell Ënnerstëtzung gëtt et iwwregens vum Oeuvre Grand Duchesse Charlotte .

Lauschtert hei de kompletten Reportage: