Berliner LuftKarneval der Kulturen

D´Lisa studéiert zu Berlin. All zwou Wochen erzielt hatt eis wat hat an der Grouss Stad erlieft a wéi eng Hotspots et ze entdecke ginn.

Leschten Update: 18.05.2016, 14:21:13

© Lisa Konzem

Zënter 1996 gëtt zu Berlin all Joer de "Karneval der Kulturen" gefeiert. T'ass e gratist Stroossefest mat engem groussen Ëmzuch als Ofschloss. Dat Ganzt dauert fir gewéinlech e Weekend a gëtt Matten am Häerz vun der Stad geféiert.

Am Programm inclus si Fouss-Gruppen, Museker, Stänn mat exoteschem Iessen a Gedrénks an nach villem méi. Op de Bühne bidde Kënschtler aus aller Welt e breede Spektrum u Museksrichtungen un. De Festival soll d´Villfalt vu Berlin representéieren an huet sech am Laf vun de Joeren als Reaktioun op Rassismus a Nationalismus zu engem groussen Event entwéckelt. Méi am Audio-Bäitrag:



© Lisa Konzem

© Lisa Konzem

© Lisa Konzem