DatingNei App fir di grouss Léift

Et gëtt nees neits um Marché vun den Dating Apps. Eng nei App déi elo wierklech de Prënz um Päerd fanne soll. Tinder kann apake mengen d'Entwéckler.

Leschten Update: 19.05.2016, 05:28:02

© piqs.de

StartUp Grënner hunn alleguer eppes gemeng: si kënnegen hier Apps grouss un. ONCE soll lo d’Dating App Tinder vum Marché "blosen".

Prinzip vu ONCE, De Contraire vun Tinder. Tinder wierkt dacks wéi e Supermarché fir Mënschen. Haaptzil vu villen: e "One Night Stand". Bei ONCE ass dat anescht, hei kritt een nämlech just 1 eenzege Mënsch pro Dag virgeschlo.

© piqs.de

Ähnlech wéi bei Tinder gëtt et och bei ONCE en Algorithmus deen sech op d'Donnée baséiert déi een aginn huet. Als éischt gëtt e Choix u Kandidaten getraff di zu engem passe kéinte.

Aus der Virauswiel, wielen dann "Matchmakere" (jo richteg Mënschen) déi User aus, déi dann um Enn dem "Searcher", also Iech deen d’App erofgelueden hutt, virgeschloe ginn.

© afp

Wieder Gemeinsamkeet. Et gëtt sech just op Fotoe baséiert. Schick Mënsche krinn also Schick Mënsche virgeschlo (…).

De groussen Ënnerscheed, ass eben dass alles vu Mënschenhand ausgewielt gëtt.
D’App ass bis elo an England, Frankräich, Brasilien an an der Schwäiz erauskomm. Enn des Mounts soll et se och bei ons ginn.