HighscoreZu Besuch op der Retroboerse zu Oberhausen

Op Super Nintendo, Neo Geo, Atari, Virtual Boy oder Famicom... Praktesch alles wat d'Retro-Häerz verlaangt krut een de Weekend op der Retroboerse!

Leschten Update: 18.05.2016, 15:53:39

© Eldoradio David Winter

Videospiller aus den 70er, 80er an 90er sinn sou “Inn” wéi héchstwahrscheinlech nach ni. Sief et an der Moud, der Musik oder am Film…Retro ass definitiv ugesot bei de Leit. An ween wonnert et, jiddwereen vun eis huet schonn mol eng Kéier Super Mario, Pac Man, Tertis oder soss e Spill an senger Kandheet gespillt. 

© Eldoradio David Winter

Zënter e puer Joer schonn fannen ech de Wee op d’Retroboerse, déi jo e puer mol d’Joer op verschiddene Plazen organiséiert gëtt. An wat engem opfält ass, dass ëmmer méi Leit sech fir déi al Konsolen a Videospiller interesséierten. Super Nintendo, Sega Saturn, Atari Jaguar, Neo Geo oder Playstation 1, praktesch alles kann een hei kafen oder tauschen. Mee och e kulturellen Programm gëtt all Kéiers thematesch op d’Been gestallt, sou den Jens Brinkmann, Organisateur vun der Retroboerse.
© Eldoradio David Winter

2005 gouf et di éischten Retroboerse, deemools koumen 50 Leit, sou den Jens Brinkmann. Mëttlerweil goufen Rertoboersen zu Bochum, Karlsruhe, Rosenheim, Mannheim, Berlin awer och an Éisterräicher schonn organiséiert. Woubäi déi zu Oberhausen wuel déi gréissten ass.
© Eldoradio David Winter

Mëttlerweil kann et sinn, dass mol gutt a gär iwwer Dausend Leit op sou eng Retroboerse kommen. Allerdéngs ass d’Zuel vun de Spectateuren net dat wat decisive ass fir d‘Organisateuren, mee éischter dass de Programm stëmmt an alles propper iwwert d'Bühn geet.

Ween interesséiert ass, deen soll mol op Retroboerse.de goen an do déi nächst Rendez-vousen fir dëst Joer am A behalen.

© Eldoradio David Winter


Lauschtert hei de kompletten Reportage vun der Retroboerse zu Oberhausen: