An hei?!#EmptyCupAward: Kaffi drénken ouni Kaffi?!

Den Online-Magazine "Slate" huet e Video Online gesat, an deem ee gutt erkennt, dass zu Hollywood och Punkto Kaffisbecheren gefuddelt gëtt.

Leschten Update: 19.05.2016, 07:45:48

© AFP

Weem ass et net schonn passéiert, dass en e Feeler an engem Film gesinn huet, also eppes dat an sech guer net méiglech ass. Virun allem wann een net méi sou am Film oder an der Serie dran ass, an sech éischter drop konzentréiert, wat d’Schauspiller un hunn, wéi se sech verhalen oder beweegen,dann falen engem sou Saachen op.

De néisten Trend ass et dann elo erauszefannen, op een en eidele Becher an enger Szene huet oder e vollen. Well net all Becher deen soll voll sinn, ass et och dono um Set. Eppes dat den Online-Magazine "Slate" elo an engem Video opgedeckt huet.