Mythen a RotschléiWat maache bei Donnerwieder?

Wat Blëtz an Wiederen ugeet ginn et nach ëmmer vill Mythen an och all Joer erëm Accidenter well Leit sech falsch verhalen hunn.

Leschten Update: 09.08.2019, 10:35:42

© Eldoradio Gil Kasel

An der leschter Zäit si jo ëmmer erëm Donnerwiedere gemellt. Dat zwar ëmmer nëmme lokal, mä dat mécht se net manner geféierlech. A grad wann een esou gemittlech spadséiere geet, da kann et emol virkommen, dass ee vun engem Donnerwieder iwwerrascht gëtt.

Gruppen am beschten evitéieren

Direkt vum Blëtz getraff ze ginn ass net onméiglech och wann d'Chance – oder besser gesot de Pech dofir - relativ kleng ass, wann een en e puer Rotschléi beuecht. Wann een also zesumme spadséiere geet a vun engem Wieder iwwerrascht gëtt, da sollt een net an engem Grupp zesumme bleiwen.
Am beschten ass et, sech ze verdeelen an sech an eng Kaul am Buedem ze leeën oder sech mat de Féiss beienee ze huppe mat den Hänn ronderëm d'Knéien.

Hei de Reportage am Toun!


Et sollt een eben esou kleng wéi méiglech sinn. An de Rot de Grupp ze evitéiere gëllt och fir Kanner an Hënn. Am beschte sollt een einfach mindestens e Meter ausernee sinn.

Kee Prabbeli bei Blëtz

Natierlech sollt een och Prabbeli, Golfschléier oder soss gréisser Géigestänn aus Metall vu sech ewechhalen.

Dozou zielt och de Vëlo an, wann ee kee Blitzableiter huet, d'Réier an d'Leitunge vum Haus, wann déi vu baussen eraféieren.

Keen Ënnerscheed tëscht Bamzorten

Ma elo komme mir nach zu e puer Mythen, déi dacks dozou féieren, dass ee sech bei Donnerwieder falsch verhält. D'Bauerereegel, dass ee bei Eechebeem besonnesch a Gefor ass, bei Bichen awer geschützt ass, stëmmt net. Dem Blëtz ass et relativ egal, wou en aschléit an dem Wand ass et och egal, wat en ëmbléist.

Och wann et am Bësch relativ vill Beem ginn, statistesch also d'Chance méi kleng ass, dass de Blëtz sech grad de Bam nieft engem eraussicht, sollt een awer am beschten en ënnerdaach oder Schutz sichen. Mat Blëtz an Donner kënnt nämlech dacks och Stuerm an do gëtt et dann awer erëm relativ geféierlech am Bësch.

De Blëtz schléit ni zweemol op där selwechter Plaz an“

En anere Mythos, nämlech bei Wiederen net mam Handy dierfen ze telefonéieren ass net richteg. Dat klengt Stéck Plastik a Metall zitt keng Blëtzer un.

Och d'Spréchwuert „De Blëtz schléit ni zweemol op där selwechter Plaz an“ ass net richteg. Am Duerchschnëtt schléit en z.B. all Joer 23 mol an den Empire State Building an.

Ma si mir realistesch; fir 2 mol hannertenee vum Blëtz getraff ze ginn muss ee scho vill Pech hunn – och wann et verschiddene Leit scho geschitt ass.