Wieder ass scholdFir den Hierscht ginn et nees méi Spannen

Grad elo nom Summer fillen sech déi kleng Déiercher bei eis Doheem nees sou richteg wuel. U wat läit dat?

Leschten Update: 10.09.2019, 04:26:54

© Yuri KADOBNOV / AFP

Virun allem wärend September an Oktober solle Spanne besonnesch aktiv sinn a weisen sech méi dacks, wéi et verschiddene recht ass. Dat läit virun allem um Wieder, esou d'Elisabeth Kirsch vun Natur&Ëmwelt. Gläichzäiteg gëtt et méi kal an d'Fiichtegkeet geet awer och erop. Bannen, respektiv bei eis am waarmen Doheem, wëllen d'Spanne sech virum schmuddelege Wieder schützen.

Lauschtert hei de komplette Reportage

En anere Grond ass, datt weiblech a männlech Spannen dës Zäit immens frou matenee sinn. Di männlech Spanne si méi aktiv, well se eben op der Sich no enger Partnerin sinn. Fir sech ze schützen, soll een d'Déieren natierlech net dout maachen. Spanne si fir eis extrem nëtzlech, si iesse vill Insekten an aner Gedéiesch a maachen eis eigentlech esou ee Gefalen. Wann et awer ze spéit ass, an een d'Déiere schonn am Haus huet, kritt een dës och ganz einfach nees eraus.

Dat al bewäerten Trick ass et, iwwert d'Spann e Glas ze stellen, e Stéck Kartong drënner drécken, an se esou aus dem Haus kréien. Dem Elisabeth Kirsch no wier et awer e Mythos, datt mir am Schlof esou vill Spanne géifen iessen. Eng Etüd soll awer erausfonnt hunn, datt owes géint 19.35 Auer d'Wahrscheinlechkeet am gréissten ass, eng Spann ze gesinn. An elo nëmmen net d'Auer den Owend am A behalen...