Nogefrot!Obligatoreschen Éischt-Hëllefs-Cours an de Lycéeën?

Fannt dir et sënnvoll en obligatoreschen Éischt-Hëllefs-Cours an de Lycéeën anzeféieren? Dat fuerdert nämlech eng Petitioun.

10.05.2019, 04:00:52

© Eldoradio

D'Petitioun 1234 fuerdert, datt den Éischt-Hëllefs-Cours an de Lycéeën obligatoresch gëtt.

Als Grond gëtt de Petitionär un, datt Lëtzebuerg - am Verglach mat anere Länner wéi zum Beispill Norwegen oder Däitschland - schlecht ofschneit, wann et ëm d'Zuel vu Leit mat engem Éischt-Hëllefs-Cours-Brevet geet.

Zu Lëtzebuerg sinn enger Etüd vun der Croix-Rouge no nëmmen 20% vun de Leit an deem Sënn forméiert. Dëst ass immens wéineg, wann een et mat Norwegen (95%) oder Däitschland (80%) vergläicht, heescht et weider an der Petitioun. Den Auteur argumentéiert weider, datt bei Accidenter sou vill méi Leit kéinten éischt Hëllef direkt op der Plaz leeschten.

Wat ass är Meenung dozou? Bréngt dat eppes? Mir hu bei iech nogefrot:

Lauschtert d'Äntwerten!

LINK / Hei geet et bei d'Petitioun