Weltrekord mat 74 JoerDe längste Pub Crawl vun der Welt

Et ass Weekend, mir sinn an der Vakanz oder mir hunn einfach Loscht op e puer Béier. Amplaz just een drénken ze goen, si „Pub Crawls“ och ganz beléift.

06.05.2019, 04:00:48

© Unsplash

Bei engem „Pub Crawl“ geet ee vun enger Bar, Café oder Club an déi nächst an et drénkt een iwwerall ee Béier, e Cocktail oder iergend een aneren Drink. Ee Mann huet dat ganz seriö geholl a praktesch säi ganzt Liewen engem eenzege „Pub Crawl“ gewidmet.

De Bruce Masters, e 74 Joer ale Grousspapp aus Groussbritannien ass zënter dass hie 15 Joer huet ënnerwee. Ugefaange mat zielen huet hien 1971, mä en huet sech se all zënter 1960 verhalen. An der Moyenne packt hien ongeféier 1.000 Caféen oder Baren am Joer, dat sinn der ëm déi 20 an der Woch an hien huet schonn iwwer 135.000 Euro dofir ausginn. D’Iddi heifir ass him no, wéi sollt et och anescht sinn, an engem Café komm.


Hien huet ausserdeem en offizielle Guinness World Record fir de Besuch a mëttlerweil 51.695 Caféen, an dat iwwert déi lescht 50 Joer.
Mä wéi geet et elo weider? Ass de längste „Pub Crawl“ vun der Welt elo fäerdeg?

Nee! Hie plangt nämlech 100 Joer al ze ginn a sot, hie géif gären esou laang et nach geet mat sengem Tour weider maachen.

Seng Meedercher soen zwar heiansdo et géif elo duer goen an e sollt méi lues maachen, hie gesäit dat awer absolut net an. Senger Meenung no ass de Béier souguer de Grond, wisou d’Leit hien ëmmer 10 Joer méi jonk aschätzen.



Mir dierfen also gespaant sinn, wéi wäit de Bruce säi Weltrekord nach ausbaue kann.