Ofschalten néidegDës Zeeche weisen, dass dir dréngend Congé braucht

Verschidde Salariéë verzichte fräiwëlleg op hir Vakanz. An Däitschland zum Beispill hunn en Drëttel vun de Salariéen hire Congé net ganz era geholl.

Leschten Update: 06.05.2019, 04:00:07

© AFP/Archiv/Boris HORVAT

Dir hutt Problemer owes anzeschlofen oder gitt matten an der Nuecht waakreg? Dat kann ee Symptom dofir sinn, dass dir iwwerschafft oder gestresst sidd. Vläicht sidd dir och just ze vill fokusséiert op ären Job. Op alle Fall ass dann Zäit ofzeschalten.

Dir hutt är Frënn scho laang net méi gesinn, an d’Famill ëmmer méi seele besicht. Alles wat dir fréier gäre gemaach gutt, gesitt dir op eemol als Belaaschtung? Da braucht dir dringend Erhuelung.

Dir waart eemol gutt an ärem Job? Kompetent an effikass? An haut maacht dir méi Feeler wéi normalerweis üblech? Da sollt dir onbedéngt d’Handbrems zéien.

Wéini hutt dir fir d‘lescht op der Aarbecht gelaacht? Scho laang hir? Wann Dir feststellt, dass dir äre Sënn fir Humor verluer hutt, da sollt dir kucken en erëm ze fannen. Dat maacht dir sécher net beim Schreifdësch.

Di kënnt iwwerhaapt net méi ofschalten? Alles dréit sech just nach ëm d’Aarbecht? Mëttes beim iessen, owes beim Béier mat Kollegen, a souguer op enger Party schwätzt dir am léifste vun der Aarbecht? Da leeft eppes falsch.

Fazit: Experte roden dringend dozou, de Congé deen engem gesetzlech zousteet, och ganz eran ze huelen. Just esou kann een den Akku nees oplueden a produktiv schaffen. Well wie méi laang schafft, schafft nach laang net besser. Meeschtens ass de Géigendeel ze Fall.