Most VisitedWat zitt déi meescht Touristen un?

Wa mir verreese gi mir entweder dohin, wou mir scho waren a wëssen, dass et eis gefält oder mir recherchéiere fir déi beschten Destinatioun ze fannen.

06.05.2019, 04:00:58

© Unsplash

Wat kënnt dann ënnert Top 10 vun de meescht besichten Touristen-Attraktiounen?

Op der leschter Plaz ass d'"Verbuede Stad" zu Beijing a China. Den Zentrum dovun ass de Palais aus der Ming Dinastie. Dëse steet zënter 1420 an ass den eelste Palais op der Welt. Fréier hunn d‘chinesesch Herrscher dra gewunnt, haut ass et e Musée, deen am Joer gutt 15,3 Millioune Leit kucke kommen.

"The happiest place on earth" oder wuel éischter "one of the most visited places on earth": D’Disneyland a Kalifornien kënnt mat 15,9 Millioune Visiteuren op eng 9. Plaz. Den originalen an éischten Disneyland-Park huet 1966 seng Dieren opgemaach an hat zënter deem souwuel bei al wéi jonk grousse Succès.

© Unsplash

Da sprange mir direkt op de Podium, an do deelt New York sech déi zweet an déi drëtt Plaz.

Matzen a Manhattenfënnt een den iwwert 34000 Ar grousse Central Park, dee mat senge 37,5 Millioune Visiteuren am Joer eng gutt Plaz 3 beleet. Am Park gëtt et en Zoo, eng Schlittschongpist, Lafweeër a villes méi, wat d’Touristen ulackelt.

Knapp virum Central Park ass mat 39,2 Millioune Visiteuren d’Joer den Times Square. Duerch dëse lafen am Dag iwwer 250.000 Leit, déi entweder shoppen, Fast Food iessen oder Fotoe fir Instagram maachen.

© Unsplash

Wat zu Vegas geschitt, bléift och zu Vegas! Ausser hir Plaz 1 an der Lëscht vun de meescht besichten Touristen-Attraktiounen. Déi gëtt gären ëffentlech gemaach. Mat 39,6 Millioune Visiteuren am Joer däerf ee vläicht och uginn.