London CallingBrexit: Wou ass den neien Zentrum vun der EU?

Wärend d'ganz Welt de Kapp iwwert de Brexit rëselt, ka sech e klengt Duerf a Bayern freeën!

Leschten Update: 08.05.2019, 08:27:09

© pixabay.com

A Punkto Brexit hunn d’Briten hei d’Nues am Moment op jidder Fall richteg voll. Kee weess, wat am Moment passéiert an dowéinst goufen elo och d’lescht Woch déi zwou gréisste Parteien, nämlech déi Konservativ an d’Sozialisten, bei de Gemengewahlen ofgestrooft. Mee och wa ganz Europa Deels mat Spannung, Deels mat Kapprëselen op de Brexit kuckt, esou gëtt et eng Uertschaft um Kontinent, déi méi ewéi all déi aner vum Brexit betraff wäert sinn. Nee, et ass weder Calais, nach Dover, mee d’Dierfchen Gädheim a Bayern.

Lauschtert hei de Reportage:


Zënter Méint hunn sech déi 89 Awunner vu Gädheim elo nämlech op de Brexit virbereet an den 29. Mäerz sollt et eng grouss Party am Duerf ginn – mee net, well d’Leit frou sinn, dass se d’Brite lass sinn, mee well nämlech vun deem Dag  u Gädheim offiziell de geographeschen Zentrum vun der EU gewiescht wier. Dat franséischt Institut fir Geographie ass nämlech dofir zoustänneg dësen Zentrum ze berechnen. Zënter der Osterweiderung vun der EU 2004 fënnt een den Zentrum an Däitschland. Zënterhier Kroatien 2013 dobäi koum, war Westerngrund am Norde vu Bayern offiziell den Zentrum vun Europa.



Falls d’Briten elo da wierklech iergendwann eng Kéier endlech d’EU verloossen, da géif dësen Zentrum nees 70km weider an den Osten rutschen, eben genee op Gädheim. Wann dësen Dag eng Kéier kënnt, da kann sech dat Duerf iwwert vill Touriste freeën, déi dës Uertschaft da besiche komme wëllen. Bis dohin kann et awer nach laang daueren. Et sinn also net nëmmen d’Briten déi d’Flemm mam Brexit hunn. Zu Gädheim geet et de Leit genee esou.

Twitter: @EldoLondon an @SergeReuter