Eng Iddi fir d'Kaz?Déiere-Caféen

Eng Plaz op där ee gemittlech eppes drénkt a gläichzäiteg Déieren heemelt, dat kléngt nom Dram vu villen Déierefrënn. Mee wat stécht hannert dem Trend?!

Leschten Update: 06.05.2019, 16:17:55

© Unsplash

Op Social Media sinn déi meescht schonn eemol op Fotoen oder Videoe vu Kazen-, Hënn-, a souguer Eile-Caféë gestouss. Mee wéi ass et awer iwwerhaapt zu deem Déiere-Café-Trend komm ?

1998 ass den éischte Kaze-Café vun der Welt mam Numm „Neko No Mise“ zu Taipeh opgaangen. Dëse krut zu där Zäit allerdéngs nach net vill Opmierksamkeet an de Medien, wahrscheinlech well et deemools och nach keen Twitter Facebook a Co. ginn ass.

10 Joer méi spéit, huet dat sech komplett geännert. Eleng a Japan goufen et 2015 58 Kaze-Caféen. Et ass een awer net just bei de Kaze bliwwen, mee et huet een och nach op Caféë mat Hënn an Eile gesat.

View this post on Instagram

Time spent with cats are never wasted🐈

A post shared by Beachbum (@hollycote1) on


Hannert dësem erfollegräiche Konzept stécht allerdéngs eng bësse méi onschéi Wourecht.
Déiereschutzorganisatioune behaapten, dass den Ëmgang mat den Déieren an deene Caféë net de beschte wier.
Nodeems a Singapur e Kaze-Café opgaangen ass, sinn bannent 3 Méint 7 Kaze gestuerwen. De Chihiro Okada vum „Animal Rights Centre“ sot dozou:
"En Déier op enke Raum anzëengen, wier och eng Zort vu Mësshandlung. D’Déiere ginn doduerch nervös an et kéint e negativen Afloss op hiert Verhalen an hir Gesondheet hunn."

Mee dat schéngt d’Leit net ofzeschrécken. Déi wëllen nämlech ëmmer méi där Caféen an dat och mat aneren Déieren. Fir e Schwäin-Café ass zum Beispill e Crowdfunding gestart ginn, mat engem But vun 8000€. Zesumme komm ass allerdéngs méi wéi dat Duebelt. 2 Millioune Yen, also ëm déi 16000€.

© Unsplash

D’Fro déi sech engem elo stellt ass: Huet dat Ganzt iergendwann en Enn? Oder ginn et deemnächst villäicht souguer Fëschrestaurante wou en Delfin nieft engem schwëmmt?