Schlecht GewunnechtKabel permanent un der Steckdous ka geféierlech ginn

Déi meescht lueden hire Smartphone an der Nuecht op. Mee och dagsiwwer bleift de Kabel dacks einfach um Stroum. Dat ass net ganz ongeféierlech...

Leschten Update: 07.05.2019, 04:39:17

© Pexels

Fir vill Leit ass et zur Gewunnecht ginn, de Kabel permanent un der Steckdous ze loossen. Dat ass natierlech confortabel, well ee säin Handy einfach un de Kabel hänke muss fir en opzelueden. Wat geschitt, wann de Smartphone drun hänkt ass kloer. Wat awer geschitt, wann den Apparat grad net um Kabel stécht?

Wat engem direkt opfält, wann een de Kabel upéckt: Et entsteet Hëtzt. Dat ass scho mol de Beweis, dass Energie, an domadder och Stroum, am Spill ass. Fir dat besser ze verstoen, muss een et aus technescher Siicht gesinn. A sou engem Kabel, respektiv an deem Deel, deen an d’Steckdous kënnt, ass en Transformator. Dee wandelt de Stroum esou em, dass en de Smartphone net beschiedegt.

Den Transformator suergt awer och dofir, dass ëmmer e bësse Stroum duerch de Kabel fléisst. Dat ass déi sougenannte „Leerlaufspannung“. Wien elo schonn déi nächste Stroumrechnung fäert: Bei moderne Kabelen, déi permanent ugeschloss sinn, leit dee Verbrauch bei knapp 2€ am Joer.

Lauschtert hei de ganze Reportage

Geféierlech fir de Portmonni gëtt et also net, mee wéi steet et em d’Gefor vum Iwwerhëtzen an eventuell souguer engem Feier? Fier d'éischt muss ee mol verstoe firwat de Kabel waarm gëtt, och wann nëmme minimal Stroum fléisst. Dat läit dorun, dass de Stroum néierewou hifléisse kann, an dofir an Energie ëmgewandelt gëtt. Offiziell Kabele vu bekannte Marken, gi mat där Hëtzt eens. Bei bëllege China-Kabelen, ouni CE-Kennzeechen, also Kabelen ouni EU-Norm, besteet awer d’Gefor, dass de Kabel op eemol ufänkt mat brennen.

E Problem, mat deem an der Vergaangenheet awer och Apple ze kämpfen hat, war dee vun der schlechter Isolatioun. Bei Kabelen, déi net speziell isoléiert sinn, kann et mol virkommen, dass de Stroum bausse laanscht leeft. Fir Stroumschléi ze vermeiden, soll ee beschiedegt Kabelen direkt ewechgeheien.

Sou bequem et och ass: Generell sollt een de Kabel net déi ganzen Zäit un der Steckdous loossen. Dir maacht der Ëmwelt e klénge Gefalen an dir gitt all Risiko aus dem Wee.