ËmfroWéi eng Sprooch ass am attraktiivsten?

Beim Flirte wëll een natierlech e gudden Androck hannerloossen. Mee net nëmme Muskelen oder Intelligenz kënne sexy sinn. och d'Sprooch ass entscheedend!

Leschten Update: 07.05.2019, 04:39:44

© Pexels

"Babbel", dat wuel bekanntste Portal fir Sproochen ze léieren, huet seng User gefrot, wéi eng Sprooch si am attraktiivste fannen. Fänke mer mol mat deene Sproochen un, déi anscheinend manner Loscht op méi maachen.

Dat bréngt eis direkt a Skandinavien. Mat Schweden verbënnt een u sech jo flott blond Fraen a Männer. A punkto Sprooch sinn awer nëmmen 1,5 Prozent dovun iwwerzeegt, dass Schwedesch am Attraktiivsten ass. Nach manner unzéiend ass Dänesch bewäert ginn, mat 0,5 Prozent ass et souguer déi 13. an domat leschte Sproch déi et an d’Lescht gepackt huet.

Als eenzeg net-europäesch Sprooch huet et Chinesesch an de Klassement gepackt. Och wa Chinesesch no Englesch am 2. heefegsten op der Welt geschwat gëtt, ass et hei just fir eng 11. Plaz duergaangen.

Däitsch a Russesch schéngen ähnlech onattraktiv ze sinn. Keng gutt Noriicht fir déi 160 Millioune Mënschen, déi Russesch als Mammesprooch hunn. Iwwregens gëtt keng aner Mammesprooch an Europa méi dacks geschwat. Portugisesch läit da schonn op Platz 5. Eng Plaz besser steet mat 12 Prozent Englesch. Ob dat elo dat „Englesch“ aus den amerikanesche Südstaaten ass, oder awer de briteschen Accent, geet aus der Ëmfro net ervir.

Lauschtert hei de ganze Reportage

D'Top 3 hunn eppes gemeinsam: Vill Sonn an de mediterrane Flair. Op d’User sech beim Ofstëmmen un hier lescht Vakanz un der Plage zréckerënnert hunn ass net gewosst. Fest steet awer, dass ee mat Spuenesch an Italienesch gutt Chancë beim Flirten huet.

Déi éischte Platz am Ranking geet un, quelle surprise, Franséisch. Den User no si souwuel déi franséisch Sprooch wéi och de franséischen Accent a punkto „Sex-Appeal“ net ze toppen. Ronn en Drëttel vun de 14.000 déi matgemaach hunn, waren hei der nämmlechter Meenung.

Nach méi eens ware sech d’Leit awer bei der Fro, ob si fir d‘Léift eng nei Sprooch léiere géifen. 9 vun 10 Persoune géifen dat effektiv maachen.