Mini-EntrepriseThe Brips: Broutchipse géint Verschwendung

"The bread's revenge" - 6 Schüler aus dem LTB ginn net consomméiertem Brout en 2. Liewen.

10.05.2019, 14:00:11

© Eldoradio

Snacken a gläichzäiteg eppes fir d’Ëmwelt maachen, dat klengt ze gutt fir wouer ze sinn - Mat „The Brips“, e Konzept dat sech aus Brout a Chipsen zesummesetzt, ass genee dat awer Realitéit. 6 Schüler aus dem Lycée Technique de Bonnevoie hu sech zesummegedoen an eng Mini-Entreprise gegrënnt, déi sech als Zil gesat huet der Verschwendung vu Brout en Enn ze setzen.

A Kollaboratioun mat engem Bio-Buttek hei zu Lëtzebuerg, ginn d’Schüler Brout sichen dat net consomméiert gouf. Aplaz datt dëst ewechgeheit gëtt kritt d’Brout souzesoen en zweet Liewen a gëtt zu Chips-ähnleche Produiten ëmgewandelt. Vun dohier och de Slogan "the bread's revenge" an den Numm „Brips“, dee sech aus de Begrëffer "bread" an "chips" zesummesetzt.

D’Chips op Basis vu Brout gëtt et dann och schonn ze kafen, dat an 3 verschiddene Goûten.

1. Olicrunch: Mat herbes de Provences fir e Goût dee jiddereen usprieche soll

2. Firi-Firi: Fir déi, déi e méi staarke Goût favoriséieren

3. Pizzator: Fir en italieneschen Aroma 

 


Zanter September gëtt et „The Brips” mëttlerweil a wann de Feedback weiderhin esou gutt ass an d’Mini-Entreprise gutt viru lafe sollt da kënnen d’Schüler sech virstelle mat hirem Projet weiderzefueren. Wichteg ass hinnen awer an éischter Linn d’Konzept vum Anti-Gaspillage. Ma och a Punkto Verpackungen an Ingrediente setzt d'Mini-Entreprise op natierlech an ëmweltfrëndlech Produiten. 


Méi Informatiounen zu der Mini-Entreprise fannt dir hei.