Panik virun 8 BeenWat maache bei enger Spannephobie?

D'Arachnophobie ass eng vun den heefegste Phobien, déi mat Déieren ze dinn hunn. Ma an der Tëschenzäit huet sech vill beim Traitement vu Phobië gedoen.

Leschten Update: 07.05.2019, 17:17:16

© Pexels

D'lescht Woch hate mir emol gekuckt, wat geschitt, wann een eng Spann mam Staubsauger opsuckelt amplaz se anzefänken an eraus ze droen. Dat ass fir eis einfach, fir d'Déier awer relativ qualvoll. An op Facebook waren d'Reaktiounen dann och relativ gemëscht. Déi eng wollten den Artikel guer net liesen, anerer haten dann awer e bësse Matleed mat de klengen aachtbeenegen Déiercher an anere war et egal, d'Haaptsaach d'Spann ass fort. Dobäi ass d'Angscht viru Spannen, respektiv d'Spannephobie eng vun deenen heefegste Phobien.

Phobie kann zu Problem am Alldag ginn

Wann ee keng Angscht viru Spannen huet, dann ass et schwéier fir déi Leit ze verstoen, déi beim Ubléck vun de mol méi klenge mol méi groussen Déieren richteg Panik hunn. Mä ass et net mat ville Phobien esou? Wunnt een an engem Haus an deem vill Spanne liewen, da kann dës Phobie zu engem richtege Problem ginn – a seelen ass se net. Ënnert de Phobien déi mat Déieren ze dinn hunn ass d'Arachnophobie, wéi d'Spannephobie och nach genannt gëtt, eng vun deenen heefegsten.

Et geet een dovun aus, dass d'Phobie duerch en Trauma an der Kandheet ausgeléist ka ginn, ma dat muss awer net de Fall sinn. Weider ass och de Verlaf vun der Phobie net virauszegesinn, se ka méi oder manner schlëmm ginn oder esouguer ganz verschwannen.

Therapie sinn duerchaus effektiv

An de leschten 20 Joer huet sech awer glécklecherweis d'Unerkennung vun dëse Phobien an deenen hiert Traitement däitlech weiderentwéckelt. Do wier z.B. d'Psychotherapie, méi genee d'kognitiv Verhalenstherapie. Medikamenter a Psychotherapie schéissen sech iwwerdeems och net aus, wéi et um Site prevention-panique.lu heescht, sinn d'Medikamenter bei spezifesche Phobien, wéi eben och bei der Spannephobie awer net wierklech wierksam.
Dobäi kommen nach ganz aner Usätz, wéi Gruppentherapien, Konschtherapien a Sport, als Ergänzung zu der Psychotherapie.

Speziell Konfrontatiounstherapie mat Superhelden?

Ma och d'Konfrontatioun schéngt wuel ze klappen, besser gesot eng positiv Konfrontatioun. Israelesch Fuerscher vun der School of Social Work vun der Ariel University hunn nämlech 424 Leit, déi eng Phobie viru Spannen hunn virun e Bildschierm gesat an hinne Sequenzen aus Spiderman-Filmer virgespillt. Scho 7 Sekonne sollen dobäi duergaange sinn fir d'Angscht virun den Déieren ëm 20% ze reduzéieren. Dat selwecht soll iwwregens och mat Seechomesse geklappt hunn, wann de Leit eng Sequenz aus dem Film „Antman“ gewise ginn ass.

Bei Sequenzen an deenen d'Superhelden net ze gesi waren oder Naturfilmer ass d'Angscht net manner ginn.

Fuerscher gesinn doran en interessanten Usaz, well déi positiv Konfrontatioun méi einfach duerchzeféieren ass an se och däitlech méi agreabel fir d'Patienten ass, wéi déi klassesch Konfrontatiounstherapie.

Sech iwwer déi eege Phobie informéieren

Och Yoga a psychologesch Usätz fir de Stress an de Grëff ze kréien hu sech als erfollegräich Usätz géint Angscht a Phobien erwisen. Vill Leit gräifen iwwerdeems och op alternativ Medezin zeréck, och wann et bis ewell nach net vill Donnéeën iwwer deenen hir Effektivitéit ginn. Ma wichteg ass et och sech kloer ze maachen, ob ee concernéiert ass an zum Expert vu senger Phobie ze ginn.

Links