Skurril oder sënnvoll?Op de Philippinnen gëtt Lästere bestrooft

E Buergermeeschter vun enger Stad op de Philippinnen stellt d'Verbreede vu Gerüchter ënner Strof. Zil ass et, datt seng Awunner "gutt Noperen" ginn.

Leschten Update: 08.05.2019, 16:54:48

© Unsplash

Schonn 2007 huet eng Etüd erausfonnt, datt Mënsche gréisstendeels éischter Gerüchter wéi Fakte gleewen – e Resultat, dat och hautdesdaags net besser passe kéint. Dat wat een héiert oder liest beaflosst een a vill Leit maachen och tëscht fake a wouer keen Ënnerscheet; dacks well se et selwer net besser wëssen.

Lauschtert eran!


Gerüchter verbreede gëtt ënner Strof gestallt

An Zäite vun "Fake News" an enger Mass un Informatiounen ass et net ëmmer einfach, den Iwwerbléck ze behalen, wéi eng Meldung wouer a wéi eng fräi erfonnt ass. Genee dës Tatsaach ass wuel de Grond, wisou eng Stad op de Philippinnen dogéint virgoe wëll. Kuerz erkläert dierf ee vun elo un zu Binalonan, enger Stad nërdlech vun der Haaptstad Manila, net méi lästeren. Héiert sech skurril un, soll awer seriö geholl. Konkret heescht dat, datt ee keng Gerüchter verbreeden a sech un d'Wourecht hale soll.

Geldstrofe falen net héich aus

Scho fréier wieren eng Partie Awunner zu Geldstrofe veruerteelt ginn, well si gelästert an Onwourechte verbreet hunn. An der Vergaangenheet ass et bei esou Gerüchter dacks ëm Noperschaft-Klatsch gaangen. Vun Affären tëscht dem Noper X an dem Nopesch Y bis zu Onwourechten iwwer Scholden. Wat wëll een domat erreechen? De Buergermeeschter mengt, datt d'Leit gutt Nopere solle sinn. Wéi et vun der Assistentin vum Buergermeeschter heescht, gëllt dëst fir ganzer 54.000 Awunner.

Fir Widderhuelungstäter gëtt et méi deier

Och elo gëlle Geldstrofen, wann ee sech net un déi nei Reegelung hält. Dës schloen awer net wierklech an de Portmonnie: Wien déi éischte Kéier erwëscht gëtt, muss ëmgerechent 3€50 bezuelen. Fir Widderhuelungstäter klëmmt d'Strof op 17€50, dobäi kommen dann nach gemengnëtzeg Aarbechten. Ob dat Ganzt elo wierklech hëlleft oder dach éischter skurril ass, bleift un iech ze decidéiere. Wat sécher ass: Lästere mécht deem een oder anere Spaass, ganz cool a fair géintiwwer aneren ass et awer net. Deemno: Wann een näischt Léiwes ze soen huet, ass et vläicht besser, guer näischt ze soen.