EtüdFrae schaffen an der Moyenne méi wéi Männer

Haushalt, Betreiung an éierenamtlech Aarbecht: Frae verbrénge mat dëser onbezuelter Aarbecht däitlech méi Zäit wéi Männer.

Leschten Update: 08.05.2019, 16:06:03

© pixabay.com

Frae leeschten all Dag méi onbezuelten Aarbecht wéi Männer. Dozou gehéieren ënner anerem Aarbechten am Haushalt, d’Betreiung vu Familljemembere wéi och Veräins-Aarbechten an éierenamtlech Aarbechten.

Zu deem Resultat kënnt eng international Etüd, déi dës Woch zu Genève presentéiert gouf. An der Moyenne verbrénge Fraen den Dag 266 Minutte mat onbezuelter Aarbecht, bei Männer sinn et dogéint 108 Minutten.

Op d’Woch gerechent a mat de bezuelte Stonnen am Job zesummegerechent, komme Fraen an der Moyenne op ronn 55 Aarbechtsstonnen an der Woch, wärend et bei de Männer 49 Stonne sinn.

Weltwäit ginn der Etüd no ronn 16 Milliarde Stonnen onbezuelten Aarbecht pro Dag geleescht, dräi Véirel dovu vu Fraen. Bannent der EU verbrénge Fraen a Finnland am mannsten Zäit domat. An der Moyenne sinn et 211 Minutten am Dag. A Litauen am meeschte mat 308 Minutten.

Salariéeën an der EU hunn et dobäi besser wéi déi a villen anere Länner. 15 Prozent schaffen an der EU an der Moyenne pro Woch méi wéi 48 Stonnen. An den USA sinn et 19 Prozent, a ville chinesesche Regiounen 41 Prozent an an der Tierkei souguer 57 Prozent.