Preparéiert fir all Festival!Nei Funktioun: Tinder Festival Mode

"Swipen" oder "Sliden", wat hu dir léiwer?

Leschten Update: 09.05.2019, 19:40:13

© Unsplash

Et huet ee scho méi laang näischt méi vun Tinder héieren an et gi wuel och ëmmer manner Leit, déi et benotzen. Zemools elo notze vill Leit Instagram och elo fir ze flirten: An d’"DM’s sliden" nennt sech dat a bezeechent d’Uschreiwe vun enger Persoun op Instagram.

Tinder funktionéiert e bëssen anescht: Éier dir do een uschreiwe kënnt, muss dir als éischt e "Match" mat deem jéinegen hunn. Bei enger Persoun, déi iech gefällt "swiped" dir no riets, bei enger, déi dir elo net esou intressant fannt no lénks. Wann eng Persoun, déi dir no riets "geswiped" hutt, iech och no riets "swiped", hutt dir e "Match".

Dat hunn d’Leit, zemools déi méi jonk Generatioun, natierlech mega fonnt an iwwerall nonstop - ob dat elo doheem an der Kummer, an der Vakanz oder souguer an der Schoul - genotzt. "Tinderen" ass mat der Zäit awer relativ out ginn an et huet een net méi vill dovun héieren. Elo schéngt Tinder awer nees zeréck ze sinn an zwar mat enger Funktioun, déi guer net esou verkéiert ass: D'Applikatioun "Festival Mode" soll dem Notzer et erméiglechen - och nodeems een 2 Deeg net geduscht huet - awer nach ee kennenzeléieren.





Mee wéi genee funktionéiert den Tinder Festival Mode?

Ongeféier 3 Woche virun engem Festival kann ee sech op Tinder fir dëse Festival umellen a schonn am Viraus déi Leit no riets "swipen", déi ee gutt fënnt. Dat geet awer just bei Leit, déi sech iwwer Tinder fir deen nämmlechte Festival ugemellt hunn.

Jiddereen, dee schonn op engem Festival war weess, dass den Internet do ni immens gutt ass. Schlechten Internet bedeit gläichzäiteg schlecht Chancen een oder eent iwwert dëse Wee kennenzeléieren. Wann dir awer virdru schonn äre Choix gemaach hutt, muss dir um Festival just nach ären "Match" erëmfannen.