Life of Bryan - Detective PikachuPika, Pika, Pi kann de Film iwwerzeegen?

E richteg gudde Film iwwert e Videospill léisst no ville Versich nach ëmmer op sech waarden. Kann den Detective Pikachu de Stigma briechen?

13.05.2019, 04:00:31

© Screenshot YouTube

Pokemon – Pikachu, Pikachu – Pokemon. Déi elektresch Maus ass weltberühmt a steet fir e Franchise, deen zënter 1996 net ophält jonk an al ze begeeschteren.

Mat Detective Pikachu huet de Pokemon awer en Trick geléiert, deen déi meescht nach net gesinn hunn: schwätzen.

Geschwat vum Ryan Reynolds, ass et déi Zort vu perfekter Kombinatioun un déi ee virdrun nimools gegleeft hätt. De Schauspiller vum absolut net kannerfrëndlechen Deadpool bréngt mat senger Stemm a senge Witzer en erwuessenen Humor an de Film an dat heft den Detective Pikachu wierklech vun der Mass fir mech of. Mat deem méi raue mee cleveren Humor vum Ryan Reynolds huet de Pokémon Film méi ze bidde wéi nëmmen Nostalgie a Pokémon, mee et ass tatsächlech och e witzege Film.




An a propos Pokémon, ech si perséinlech der Meenung dass déi fiktiv Monster net wierklech an d’Live-Action iwwersat kënne ginn, mee déi manner kritesch Leit wäerten awer mat den 3D-Animatioune vun de Pokémon zefridde sinn.

Mat akzeptabelen Animatiounen, cleverem Humor a vill Pokémon Nostalgie ass Detective Pikachu also e Film fir jiddereen. Ob der Fans vun Ufank un sidd oder einfach nëmmen e flotte Film fir d’Kanner wëllt, Detective Pikachu dierft fir jiddereen eppes hunn.