Life of Bryan - Vum Mënsch zum DüngerHolz, Feier oder Äerd?

Am Staat Washington an den USA wëll een eng ökologesch Alternativ fir d’Entsuerge vu mënschlechen Iwwerreschter ubidden.

Leschten Update: 15.05.2019, 10:44:23

© Screenshot YouTube

Iwwert den Dout gëtt net gäre geschwat an och wat dono kënnt, ass net onbedéngt dat beléiftsten Thema.

Am US-Staat Washington war dëst awer elo d’Thema vun enger Legislatiounsännerung. Esou soll et an nächster Zukunft nämlech eng Alternativ zum traditionelle Begriefnes oder der Anäscherung ginn.

LINK // Legislatiounsännerung a Washington, USA

Vereinfacht ausgedréckt soll een elo de Choix hunn, seng mënschlech Iwwerreschter zu Kompost maachen ze loossen. D’Firma hannert der Iddi, Recompose, behaapt, dass dës Method zur Entsuergung vu Läiche relativ bëlleg an zemools ökologesch ass.



Iwwer 30 Deeg soll en duerchschnëttleche Kierper zu engem ¾ Meter Cube un natierlechem Dünger ginn. Et géing manner Plaz ewech huele wéi de Sarg, manner Emissiounen hunn an als Bonus entsteet eben Dünger, dee benotzt ka ginn.

Op den éischte Bléck schéngt et also keng wierklech Nodeeler bei dëser Method ze ginn. Natierlech ginn et ënnert de Leit Viruerteeler, well et ëm den eegene Kierper geet vun deem mer hei schwätzen. Ech gesinn et ähnlech wéi Organspender ze sinn nom Dout: Wat gëtt et Besseres wéi nom eegene Liewen nach eng lescht Kéier nëtzlech ze sinn?

Links