Educatioun a GesondheetDen Zesummenhang tëscht Ecran a Myopie

Sollt een d'Zäit virum Bildschierm an de Schoule limitéiere, fir esou géint Kuerzsiichtegkeet virzegoen? Dat war d'Thema vun enger parlamentarescher Fro.

Leschten Update: 10.05.2019, 09:44:46

© Pexels

Wann een de ganzen Dag virun der Tele oder dem Bildschierm sëtzt, da mierkt een owes, dass d'Aen eng Paus brauchen. Während de Computer, Smartphone an den Tablet am Aarbechtsliewen ëmmer méi genotzt ginn, gëllt dat selwecht och fir d'Schoulen. An deem Sënn wollt d'Deputéiert Josée Lorsché an enger parlamentarescher Fro ënner anerem wëssen, ob een net sollt de Gebrauch vun dëse Geräter an der Schoul an an aneren Educatiounsservicer limitéiere fir esou géint d'Kuerzsiichtegkeet virzegoen. 

Vue op kuerz Distanz wuel ee vun de Grënn

Statistiken iwwer d'Kuerzsiichtegkleet zu Lëtzebuerg ginn et net, esou d'Äntwert vum Gesondheetsminister Etienne Schneider an dem Educatiounsminister Claude Meisch. Ma effektiv hätte vill Studie gewisen, dass d'Entwécklung vun enger Kuerzsiichtegkeet, och nach Myopie genannt, mam Niveau vun der Ausbildung zesummen hänkt. Aus deenen Etüde géif awer net kloer ervir goen, dass et déi kuerz Vue, z.B. beim Liese wier, déi d'Kuerzsiichtegkeet mat sech bréngt.

Openthalt am Fräien als Präventioun

Eng Analys an Taiwan hätt an deem Sënn 2013 gewisen, dass wat Kanner méi laang dobausse waren, de Prozentsaz vu Myopië bei Kanner drastesch erof gaangen ass. Zu deem selwechte Schluss ass eng ähnlech Etüd 2007 komm, där no de Risiko fir kuerzsiichteg ze ginn ëm en Drëttel erofgeet, wa Kanner iwwer 14 Stonne pro Woch dobausse sinn amplaz ënner 5 Stonnen.

Dëst kann dorop zeréckzeféiere sinn, dass d'Fixatiounspunkte fir d'Aen am Fräie méi wäit ewech sinn an dat ganzt Bild, dat vum Aen erfaasst gëtt méi homogene a kloer ass. Dobäi kënnt dann nach d'Luminositéit, also d'Intensitéit vun der Luucht. Déi kann dobaussen op ronn 40'000 Lux kommen, d'Intensitéit vu kënschtlechem Liicht awer nëmmen op 100 bis 500 Lux.

Grad am jonken Alter wichteg

De Gesondheetsministère géif am Kader vun der Campagne „3-6-9-12“ en adaptéierten Ëmgang vu Kanner mat all Gerät mat Ecran uroden. Fir Kanner ënner 2 Joer gëtt deemno virum Gebrauch vu Bildschiermer ofgeroden, tëscht 2 an 3 Joer sollt een en op 15 Minutten den Dag limitéieren an tëscht 3 a 6 sollten d'Zäiten dann och éischter kuerz a kloer limitéiert sinn. An där Problematik wier een sech och am Educatiounsministère bewosst. Eng Broschür fir d'Elteren zu dësem Thema géif an den nächste Méint erauskommen.