Massiv OflenkungSmartphone provozéiert onkontrolléiert Akeef

Brout, Uebst a Kaffi an där enger Hand, den Handy an där anerer Hand - esou gesäit et bei ville wärend dem Akafen aus.

Leschten Update: 10.05.2019, 04:00:08

© Pexels

Hautdesdaags gesäit een ee Bild ëmmer méi dacks, wann een an de Restaurant iesse geet: Op praktesch all Dësch läit minimum ee Smartphone. Verschiddener beloossen et net just dobäi a klimperen, liesen a wëschen och wärend dem Gespréich oder Iessen op hirem Handy ronderëm a kréien net wierklech eppes vun hirem Géigeniwwer mat. Och beim Akafe soll den Handy eng grouss Roll spillen, ma keng positiv oder nëtzlech.

Smartphone lenkt eis vun eigentlecher Aufgab of

Fuerscher vun der Fairfield University am US-Bundesstaat Connecticut soen, datt eisen Handy eng massiv Oflenkung beim Akafen ass. Konkret behaapten d'Wëssenschaftler, datt mir esou ofgelenkt ginn, datt mer souguer vergiessen, wat mer eigentlech kafe wollten. An deem Kader goufen 230 Testpersounen opgefuerdert, eng Akafslëscht of ze schaffen. Si sollten hiren Handy guer net, a reegelméissegen Ofstänn oder iwwerdriwwe vill benotzen.

Kafverhale verännert sech

D'Experiment huet erginn, datt Chatten, Telefonéieren an am Internet surfen e groussen Afloss op d'Kafverhalen huet. D'Testpersoune waren esou ofgelenkt, datt si net just vergiess hunn, wat se kafe wollten, mee och méi Produiten am Weenche gelant sinn. Hei gëtt et awer och eng Ausnam. Gëtt den Telefon als Akafslëscht genotzt oder fir no engem bestëmmten Artikel ze recherchéieren, konnt dës Konklusioun net nogewise ginn.

Gros vun der Notzung huet näischt mam Akaf ze dinn

Dem Experiment no solle gutt 50% vun der Smartphone-Notzung da guer näischt mam eigentlechen Akaf ze dinn hunn. Dem Leeder vun der Etüd no sollen 93% zouginn hunn, datt si beim Shoppen d'Fanger net vun hirem Handy kënne loossen. Domat verhaalt iech: Wann der bei den nächste Kommissioune keng béis Iwwerraschung an der Kees wëllt erliewen, loosst den Handy vläicht ganz agepaakt.