Fréier onbeléift, haut beléiftDéi kontroverst Touristenattraktiounen

"Was nicht ist, kann ja noch werden", zielt anscheinend och fir verschidden Touristenattraktiounen.

13.05.2019, 04:00:56

© Unsplash

Mir kennen et vu verschiddene Lidder. Mir héieren se eemol an denken eis dann awer, "dat kléngt net esou immens". Eréischt mat der Zäit gewinne mir eis drun a fannen d’Litt dann iergendwann awer gutt.

Selwechte Prinzip gëtt et och bei verschiddene weltbekannte Monumenter. Hei si 4 Touristenattraktiounen, déi ufanks guer net esou populär bei de Leit aus der jeeweileger Stad waren:

1. D’Elbphilharmonie zu Hamburg ass e gutt Beispill. D’Awunner konnten dat berühmte Concertshaus am Ufank guer net ausstoen, well et vill ze deier war an ze laang gedauert huet fir gebaut ze ginn. Mëttlerweil huet dës Meenung sech awer geluecht an déi eenzeg Kritik wou nach bleift, kënnt vun de Museker, an ass d’Akustik an der Hal.

© John MACDOUGALL / AFP

2. Ähnlech onzefridde wéi zu Hamburg sinn se och zu Barcelona. Déi weltberühmte Kierch „Sagrada Familia“ ass nämlech en éiwege Chantier. Säit den Architekt Antoni Gaudi 1926 gestuerwen ass, gëtt d‘Kierch ofschwäifent vun den originale Pläng weidergebaut.

© Unsplash

3. 1931 ass zu New York, wärend der Wirtschaftskris, d’Empire State Building fäerdeggestallt ginn. Well awer ebe Wirtschaftskris war, konnt kee sech den deiere Loyer leeschten an d’Gebai ass bal eidel bliwwen. D’Awunner vu New York hunn et dofir deemools och nach „Empty State Building“ genannt. An der Tëschenzäit ass net just de King Kong drop geklomme mee et ass och zu engem vun de berühmtste Gebaier vun der Welt ginn.

© Unsplash

4. Et kann een hautzedaags bal net méi zu Paräis gewiergt sinn, ouni eng Foto beim Eiffeltuerm gemaach ze hunn. Fréier war een awer iwwerhaapt net fou doriwwer an et war bal net zum Bau vum Eiffeltuerm komm. Ganz vill Leit, inklusiv den Intellektuellen hu géint de Bau protestéiert, well et deemools net üblech war eng Stolkonstruktioun ouni Fassad ze bauen. De Projet Eiffeltuerm ass als komplett sënnlos duergestallt ginn, mee haut ass awer mengen ech jidderee frou, dass et e gebaut gouf.

© Unsplash



Lauschtert hei de Reportage!